Wanderfrënn Bettenduerf hunn fir 2ten Keier hannereneen COUPE JOHNY PICARD bei den Schlënnerflitzer op der Wanderung Iwwerrescht kritt.
46 Bettenduerfer waren Sonndes op hirer Wanderung vetrueden.

IVV Wanderung vun den Wanderfrënn Bettenduerf ass Geschicht.
984 Wanderer hunn deelgeholl an dorënner 85 Leit um Marathon.
Mir hunn eis Bescht ginn fir ech all ze Fridden ze stellen.
Sief dat bei der Auswiel vun den Strecken oder den Empfang an der Hall.
Mir hoffen dat dat och geklappt huet.
All Fotoen vun der Wanderungen

Partnerschaft vun den Wanderfrënn vun Bettenduerf (LUX ), Stavelot Marche Club (B) an Schnelle Füsse Koblenz (D) gouf leschten Sonndeg op dem internationalen IVV Wanderdag zu Winningen presentéiert.
An Zukunft wäerten des Veräiner vill méi eng zesummen schaffen an den een oder aneren Challenge zesummen ugoen.
Mir freeën eis op des Erausfuerderung an hoffen vill flott Stonnen zesummen ze verbréngen.
Eis Lëtzebuerger Wanderfrënn vun Veianen ( wou schonn ganz laang eng Frëndschaft besteet ) waren mat eis zesummen mam Bus dohinner gefuer.
Mat hinnen zesummen hunn mir e flotten Dag zu Winningen verbruecht an déi schéin Landschaften an den Weinbierger genoss, och wann Wieder sech net vun der gudder Säit gewisen huet.


