Fotosconcours um PW 018 5km / 12km

Fotosconcours um PW 018 5km / 12km

Fotosconcours op eisem permanenten Wanderwee 018: 5km / 12km

Wandert eisen permanenten Wanderwee an fänkt mat der Kamera déi schéinsten Impressiounen an.

Pro Quartal gëtt et een Bong vun 20€ ze gewannen, offréiert vun den Meedercher aus dem Flower Power ( Startlokal vum PW ) vun Bettenduerf.

Schéckt är Fotoen iwwert Messenger vun den Wanderfrënn Bettenduerf hirer Facebooksäit eran.

Quartal 1 bis den 31.03.2020

Quartal 2 bis den 30.06.2020

Quartal 3 bis den 30.09.2020

Quartal 4 bis den 31.12.2020

Dir kennt souvill Fotoen eraschécken wei dir wëllt.

Fotoen ginn dann op eiser Säit gepost, an déi Foto mat den meeschten Likes, innerhalb vun 10 Deeg, huet gewonnen.

Et gëtt just een Gewënner pro Quartal, bei der selwechter Unzuel un Likes decidéiert Lous.