Wat ass lass bei eis 2018
26.01.2018
Generalversammlung an der Buvette vun der Sportshall zu Bettenduerf um 19.30 Auer.
09.03.2018
Helferiessen : Fir Merci ze soen, welle mir och dëst Joer erëm all déi Leit op eng Agape invitéieren, déi eis bei eise Märsch am Joer 2017 gehollef hunn.
04.04.2018
53. International IVV Wanderung zu Gilsdrëf am Centre Culturel mat Strecken vu 5,10 an 20km.
28.04.2018
IVV- Wanderung mat Yuppi Walk zu Léiler. Mir sinn dëst Joer agesprongen, fir zu Léiler de Yuppi Walk ze organiséieren, an dëst am Cactusbësch. Mir schaffen zesummen mam SIT vun Léiler a bidden Strecken un vun 5,10 an 20km
03.05.2018
Geféiert IVV Wanderung zu Méischtreff
All 1ten Donneschdeg am Mount vun Mäi bis September eng " Geféiert Wanderung " vun 8km- 10km.
Start um 19 00 Auer beim Kierfecht zu Méischtref.
30.05.2018
Coupe Scolaire . Fir 32te Kéier organiséiere mir de prakteschen Deel am reale Verkéier duerch Bettenduerf, dëst Joer fir 61 Kanner aus der Gemeng aus dem Cycle 4.1 a 4.2.
07.06.2018
Geféiert IVV Wanderung zu Ierpeldéng
All 1ten Donneschdeg am Mount vun Mäi bis September eng " Geféiert Wanderung " vun 8km- 10km.
Start um 19 00 Auer bei der Kierch zu Ierpeldéng.
29.06.2018
Grillparty . Eis Traditioun aus fréiere Joeren liewt nach ëmmer weider. Dëst Joer mat engem traditionnelle Menu. Mir proposéieren iech erëm Fierkel mat all sengem Emgeréits op der Plaz preparéiert.
05.07.2018
Geféiert IVV Wanderung zu Angelduerf
All 1ten Donneschdeg am Mount vun Mäi bis September eng " Geféiert Wanderung " vun 8km- 10km.
Start um 19 00 Auer bei der Kierch zu Angelduerf.
06-07.07.2018
Grillstand beim Cactus Angelduerf
Fir eis Finanzen a bëssen opzebesseren, kënne mir beim Cactus Angelduerf Freides a Samsdes virum Geschäft grillen a Gedrénks verkaafen.
14.07.2018
Geféiert Wanderung. Um Nationalen Dag vun der geféierter Wanderung vun der FLMP maache mir och dës Kéier erëm mat. Mir maachen e flotten Tour bis virun Héisduerf op de Chemin du Souvenir
02.08.2018
Geféiert IVV Wanderung zu Bettenduerf
All 1ten Donneschdeg am Mount vun Mäi bis September eng " Geféiert Wanderung " vun 8km- 10km.
Start um 19 00 Auer beim Camping zu Bettenduerf.
06.09.2018
Geféiert IVV Wanderung zu Dikkrech
All 1ten Donneschdeg am Mount vun Mäi bis September eng " Geféiert Wanderung " vun 8km- 10km.
Start um 19 00 Auer zu Dikrech bei der Seeërei.
25.11.2018
54. International IVV Wanderung zu Bettenduerf am Centre Culturel. Mir bidden folgend Strecken un : 5,10,20,30,42 an 50km