Komm trëppel mat

Wanderen mat de « Bettenduerfer » Wanderfrënn Bettenduerf asbl

Hu Dir Loscht gemittlech ze wanderen, alleng, am Grupp, mat Frënn ?
Eis meescht Aktivitéiten sinn um Weekend.
Wann der intesséiert sidd, da schwätzt mat eis !

Eist Ziel ass Wanderen an der freier Natur. Eise Veräin bedeelegt sech regelméisseg d’Weekender un de nationalen an internationalen IVV-Wanderungen, hei zu Lëtzebuerg, mee och am noen Ausland, an Däitschland, der Belscht an a Frankräich. Hei ka jiddereen déi Distanz trëppelen, déi him gefällt, sief et 5, 10 oder 20 Kilometer oder esouguer heiansdo eng 42-Kilometer Marathonstréck.
Fir d’Jugend an awer och fir eeler Leit sinn déi 5-Kilometer-Strecken ideal, well dës och meeschtens flach a nët ze schwéier sinn. D’Komerodschaft an d’Geselligkeet gi bei de Wanderer awer besonnesch och bei de „Wanderfrënn Bettenduerf“ grouss geschriwwen.
Als Belounung fir d’Participatioun kann en eng IVV-Stempelkaart kafen, wou et schonns no 10 Participatiounen den éischten Diplom resp. Spéngel a Badge gëtt, egal wéivill Kilometer e getrëppelt ass. Eng aner Stempelkaart gëtt et och fir déi gewandert Kilometer androen ze loossen. Hei kritt en déi éischt Belounung no 500 Kilometer. Dës Kaarten kritt en op all IVV-Marsch zu Lëtzebuerg ze kafen.
Wann Dir wëllt Member ginn oder nach zousätzlech Froen huet, da meld Iech bei engem vun de Verantwortlechen.
De Joeresbeitrag leit bei 8.- € inklusiv FLMP-Lizenz mat Onfallversëcherung.

Wanderfrënn Bettendorf asbl
Membre de la FLMP dans l’IVV
N° registre de commerce F 220

Kontakt:
Georges KINTZIGER
President
124, an der Kléck
L-9221 DIKRICH
Tel. 691 17 38 25
Email: kintzro@pt.lu

Jos GROEFF
Éierepresident
13, rue de la gare
L- 9353 BETTENDUERF
Tel. 80 82 64

Postadress:
Wanderfrënn Bettendorf
B.P. 94 L-9201 DIEKIRCH

Wanderfrënn Bettendorf

Notre but est de promouvoir la marche populaire. Notre club participe régulièrement et surtout les week-ends aux marches populaires nationales et internationales aussi bien au Grand-Duché de Luxembourg qu’aux pays limitrophes en Allemagne, Belgique et France. Chacun choisit la distance qui lui plait, soit 5, 10, 20 ou des fois même 42 kilomètres. Les frais d’inscriptions aux marches populaires s’élèvent à 1,50 € par participation.

Pour les plus jeunes et les personnes âgées, la distance de 5 à 6 kilomètres convient idéalement étant donné que ces parcours sont normalement assez plat et sans difficulté.
La camaraderie et la sociabilité ne sont pas des paroles en l’air, ni chez les marcheurs en général, ni chez le « Wanderfrënn Bettendorf ».
Nombreux sont les marcheurs qui détiennent un carnet de participation ou encore un carnet de kilométrage de l’IVV. Après chaque participation, un tampon est délivré à l’arrivée certifiant la participation et les kilomètres parcourus. Après 500 kilomètres et déjà après 10 participations le marcheur reçoit un diplôme, un écusson et une épingle en tant que souvenir. Les carnets IVV sont disponibles au départ de chaque marche populaire.

Si vous désirez devenir membre auprès des « Wanderfrënn Bettendorf » ou si vous avez des questions complémentaires, n’hésitez pas à contacter un des responsables de notre club.

La cotisation annuelle s’élève à 8.- € y compris une licence de la FLMP (Féd.Luxembourgeoise de Marche Populaire) avec assurance accident.

Wanderfrënn Bettendorf asbl
Membre de la FLMP dans l’IVV
N° registre de commerce F 220

Contacts :
Georges KINTZIGER
président
124, rue Clairefontaine
L-9221 DIEKIRCH
Tél. 691 17 38 25
Email : kintzro@pt.lu

Jos GROEFF
président d’honneur
13, rue de la gare
L-9353 BETTENDORF
Tél. 80 82 64

Adresse postale:
Wanderfrënn Bettendorf
B.P. 94 L-9201 DIEKIRCH